Du kënns zou der an denks, et kéint net méiglech sinn. Et fillt sech un, wéi wann s de aus enger anerer Welt gerappt gi wiers, eng Aart Neigebuert, e bësse sou, wéi wann een am Karmasbüro déi falsch Destinatioun gebucht hätt an als Insekt oder soss eppes Krabbeleges erëmgebuer gi wier.

Du läis an dengem Bett. Eng Luucht, gefiltert duerch deng zouen Aendeckelen, buert sech e Wee bis an däi Gehir. Stéi op, seet deng Frëndin. Hatt seet et op seng léif, duuss Aart a Weis, an awer kënnt et der vir wéi eng Aggressioun. D’Analeps, vun deem, wat war, éier s du ageschlof bass, stellt sech zesummen, e bësse wéi ee Puzzle vu 5.000 Stécker, deen ee mat vill Méi an aus enger grousser, luxuriéiser Langweil zesummegesat hätt.

Enger Langweil, déi a Proportiounen der grousser luxuriéiser Wunneng, an där se sech verbreet, entsprécht. An déi de westleche Bierger mat topege Beschäftegunge muss fëllen, fir déi vill Fräizäit, déi e sech erkaaft huet, net mat ellene Gedanken un d’Stierflechkeet vun allem, un d’permanent Verrenne vun der Zäit, un de Verfallsdatum, deen op de Këschte vun eise Kierpere pecht wéi eng Etikett, déi d’Konfektiounsgréisst ugëtt, verbréngen ze mussen.

Du denks un déi 5.000 Stécker, déi ee mat vill Méi zesummegesat huet, fir duerno awer just e banaalt Motiv do leien ze hunn, eng Blumm, eng Kou op enger Wiss, eng pastoral Landschaft vun enger ästhetescher Banalitéit, déi engem de Mo ëmdréit. Du denks un ee Puzzle, wou een d’Resultat net schonns op der Këscht géif reproduzéiert gesinn, an deen duerno Albdreem oder pornéis Saachen duerstelle géif, eppes Grujeleges, wat dech féckt, zum Beispill, a fënns d’Iddi dovunner zimlech flott.

Gëschter konns du nees net schlofen. Du louchs, wéi sou oft, am Bett, deng Gedanken hu gekreest, a wat s du der méi bewosst gi bass, dass deng Gedanke kreesen, wat s de méi ugefaangen hues, doriwwer nozedenken, dass deng Gedanke kreesen, wouropshin s du der d’Fro gestallt hues, wisou se dat dann iwwerhaapt maachen, ob dat eng Manifestatioun vun enger onzefriddener Existenz wier, an där ee permanent misst Bilan passéiere loossen iwwert de verstrachenen Dag. An am Géigesaz zu denger Frëndin, wat ëmmer – du hues knapps d’Zäit, d’Luucht auszemaachen – schonn déi roueg, rhythmesch delikat Ootmung– bal eng Berceuse eigentlech – vum Schlofenden unhëlt, läis du do a stells dir d’Fro, wéi et dann haut mam Schlof wäert ausgesinn. Eng Fro, déi, du hues et an Internetforen nogesicht, eigentlech scho fatal ass, wa se bis am Kapp opgedaucht ass. Mä wéi verhënnere mer, dass sech gewësse Gedanken, wéi en opdränglechen Noper – du denks un den John Goodman am Barton Fink –, an eise Kapp alueden?

Wéi verhënnere mer, wa mer wëssen, dass déi Ge danke schiedlech sinn, hiert alldeeglecht Opkräizen an eisem Kapp, e bësse wéi den Aarbechtskolleg, deen s de net kanns ausstoen, mä mat deem s du moies de Rhyth mus an d’Frequenz vum Kaffisichegoe beim eenzegen Automat um Stack deels? Den Automat kanns de wiesselen. Mä de Kolleg bleift.

Genee esou verhält et sech mat de Gedanken, déi engem am Kapp kreesen. Egal wou s de hileefs an dir bannendran, si dauche spéider oder fréier op. Oder, wa mer schonn dobäi sinn, Biller ze sammelen, wéi deemools, du waars an enger Molresidenz, an engem Workshop, zu Berlin, et war Spéitsummer, an du, deen eng panesch Angscht virun Harespelen huet, waars natierlech déi Persoun, déi sech am meeschte Gedanke gemaach huet iwwert de Fait, dass d’Residenz bei engem Séi louch, d’Fënster an dengem Zëmmer net gutt ofgedicht war an dass erstaunlech vill Läiche vun där schwaarzgieler Pescht um Teppech vum Gang erëmlouchen, bal wéi eng vun deenen onverständleche Konschtinstallatiounen, déi verschiddener vun denge Kollegen op Expoe presentéier ren a fir déi s de – du weis et net, mee et gesäit een et sécherlech an dengem Gesiicht agemeesselt – nëmme Veruechtung empfënns.

A wéi du bis eemol sech ee vun de Béischten an dengem Zëmmer verflunn hat, konnts de just nach un den onerwënschte Matbewunner denken, an dat, obschonn deng Frëndin dir um Telefon sot, du solls einfach vergiessen, dass d’Insekt do wier, et wier d’Enn vum Summer an de Béischt wier, wat eigentlech plausibel war, just erakomm, fir a Rou an a Fridden z’agoniséieren, an deng Frëndin huet et hikritt, deen eeklege Parasit, deen der nach gëschter déi hallef Int, déi s de am Béiergaart wollts genéissen, mat senger krabbeleger, giereger, pickeger Präsenz versaut huet, bal empathesch a senger Einsamkeet duerzestellen.

Mä du war d’mentaalt Bild nees virun dir, eng sechs Béischte beweege sech daper a wéi an Zäitlupp duerch déi brong Zooss an d’Richtung vun der doudeger, krupseger Int, du hëls däi ganze Mutt zesummen a mat denger Forschett aus a splécks ee vun de grujelege Monsteren an zwee, ewéi ee Ritter vum Ronnen Dësch kënns du der ee Momentvir, an d’Erënnerung dorun huet all d’Berouegungsversich vun denger Frëndin nees am Keim erstécke gelooss, an du hues weider panikéiert, obwuel d’Déier reegungslos op engem Rido gepecht huet a wuel iwwerhaapt net wëlles hat, sech an dëser Partie “Existenz” nach eemol ze beweegen. Genee esou verhält et sech mat de Gedanken, déi dech owes, wann s du bis am Bett läis, picken.

Mä elo bass de waakreg, oder zumindest an engem Zoustand, deen net méi ganz de Schlofzoustand ass, an du wonners dech, dass schonn nees eng Myriad u Gedanken an dengem Kapp ronderëmkreesen, obwuel s du weess, dass de eigentlech nach bal schléifs, an deng Frëndin seet der, du misst elo wierklech opstoen, dir misst iech op de Wee maachen, an d’mental Projektioun vun deem ganzen Hygiènesritual, deen sech tëschent dem Opstoen an dem Aus-dem-Haus-Goen erstreckt, dat ganzt Geduschs an Zänngewäschs a Gekämms an d’Apake vun de Saachen, déi fir den Dag, deen usteet, néideg sinn, all dat dreift der esou eng Flemm an, dass du am léifsten direkt nees zréck an d’Bett wéilts, just dass der afält, dass de d’Bett jo nach guer net verlooss hues, wat nees eng nei Well vu Flemm an dir ausléist.

Endlech méchs du d’Aen op. Et ass 6 Auer 35. Seet däin Handy. Dat ze realiséieren, mécht dech rosen, an du notz déi Roserei, fir opzestoen, d’un coup, wéi de Fransous seet. A wa mer scho bei de Fransouse sinn, sees du dir, da muss ee bedenken, dass ee vun de Bekannteste vun hinnen, de René Descartes, deemools wéinst dem fréien Opstoen ëmkomm ass, hie war de Precepteur vum Christine de Suède an déi Moss huet dach net eeschtlech ëmmer wëllen um fënnef an der Nuecht opstoen, oder esou eppes an deem Dréi, esou genee weess de dat och net méi, an dat elo nozegooglen ass der och ze ustrengend, deng Ae sinn nach ganz verblatzt vum Schlof an du gesäis alles ganz verschwommen, total mautsch op alle Fall, d’Christine de Suède, an de Ren, bah, deen huet dat einfach net gepackt, huet sech erkaalt, a fort war en, ee vun de wichtegste Philosophen, sou wäert et dir och eemol goen, also net dass du ee wichtegen Denker wiers, loin de là, mä du wäerts da wéinstens an engem Geste, vläicht och an engem eenzegen – dee vum Ofliewen –, de grousse René begleeden. A wärend s de Richtung Buedzëmmer gees, denks de dir, dass eng Welt, an där d’Mënschheet fräiwëlleg um 6 Auer 35 opsteet, ganz einfach versot huet.

Du sees der, fir d’honnertst wuel, an hues nees den existenzialistesche Metaphysiker virun Aen oder zumindest a Gedanken, dass et Leit gëtt, déi einfach net dofir gemaach sinn, fréi opzestoen. Du has deemools eng Studie gelies, du weess net méi wou, mä du zitéiers se zanterhier, verbal no bausse, mä och bannen an dengem endlosen, granzege Monolog, deen s de mat dir selwer féiers, immens dacks, op alle Fall hate se an där Studie beluecht, dass d’Leit onofhängeg vun der Baussewelt an hire Verflichtungen ëmmer hirem interne Schlofrhythmus noginn. An anere Wierder: Et gëtt Leit, déi gären a gutt fréi opstinn, a Leit, déi dat net hikréien. An déi lescht Kategorie gëtt vun der éischter dominéiert.

D’Fréiopstoer, wann ee se da sou nennen dierf, hunn hiren Imperium imposéiert. Mat dem lächerleche Virwand, dem Rhythmus vum Dagesliicht plus ou moins nozegoen – woumat se den Nuetseile méi oder wéineger ënnerstellen, dass déi just eng Band vu Faulenzer sinn, déi de ganze léiwen Dag op hirer décker Panz leien. Dobäi ass et dach objektiv gesinn topeg, déi Momenter vum Dag, wou d’Luucht do ass, an engem Bürosgebai ze verbréngen. Dat huet wuel fréier Sënn erginn, wéi mer nach bal all op de Felder geschafft hunn. Dass kengem déi Antinomie opgefall ass, dass keen eppes dogéint ënnerhëlt, obwuel ech sécher sinn dass, wann een all d’Gejéimers an d’Flemm, déi sech moies op dësem Planéit tëschent sechs a siwen Auer moies manifestéieren – also elo an enger eenzeger Zäitzon, dat misst schonn duergoen –, zesummenhëlt, een e Geräisch géif produzéieren, dat duerch Muerch a Schank geet a sech am ganze Weltall breetmécht, dass keen do eppes ännert, dat weist dach, dass mer all just aarmséileg Sklave sinn.

Wat elo mech ubelaangt (ech halen elo op mat deem du, dat war just een narrativen Trick) ech si Moler, oder probéieren et ze sinn. Wat ech maachen, ass Folgendes: Ech huelen ëmmer nees kleng Jobs vu siwen, aacht Méint un, Congé parentalen, déi ech ersetzen, CDDen. Heiansdo kréien ech mäi Vertrag verlängert, da muss ech kucken, dass se mech éierewéi entloossen. Dat ass net schwéier, ech sinn a méi fréien, méi naive Momenter vu mengem Liewen oft genuch entlooss ginn, vu Kollegen a vu Partner, aus Spideeler an aus Schoulen, ech weess schonns, wéi een dat hikritt. Duerno sinn ech am Chômage.

Dat ass sozial verpönt, mä dat ass mer egal. Soulaang ech net vu menger Konscht ka liewen, liewen ech – deelweis – vum Staat. Dofir muss ech mëttlerweil awer all Dag op d’Aarbechtsamt goen. An do pointéieren. Fir dass se gesinn, dass ech waakreg sinn. Fir dass se bewise kréien, dass ech probéieren, mech an d’Logik vum Aarbechtsmarché z’integréieren. Déi numol seet: Stéi fréi op! Morgenstund hat Gold im Mund. L’avenir appartient à ceux qui se lèvent tôt. An ähnlech idiotesch Spréch. Wéi ee mierkt: all Sprooch huet do een Equivalent. Hei fänkt et schonn un, d’Indoktrinéieren. Virun zéng Joer war et nach eemol d’Woch, an zéng Joer do virdru war et eemol de Mount. Lo ass et all Dag. Bass d’emol ze spéit, kriss de kee Goss méi.

Mir verloossen esou lues d’Appartement. Et ass Wanter, e puer Flacken danze verschlof an der Loft, hu siichtlech genee esou wéineg Loscht, sech iergendwou néierzesetzen ewéi ech, den Auto ass gefruer, eng ganz Couche Frascht verkleet e wéi een dubiéise Kaddospabeier.

No e puer Minutte freneteschem Krazen, e bëssen, wéi wa mer am Gaang wieren, ee risegt Hausdéier, soe mer mol een Hauswal, ze bueden an ze schruppen, seet meng Frëndin, dass dat Ganzt hei awer wierklech dat Allerlescht wier. Dofir hunn ech hatt gär. Hatt wierkt manner granzeg wéi ech, dee sech ëmmer iwwert alles opreegt. Mä u sech ass eis Weltusiicht déiselwecht. An de groussen Zich, zumindest. Mä wat wëll ee méi? Ee Fragment Weltusiicht deelen. Dat ass scho vill. En gros hu mir dat Nämmlecht festgestallt, gi mer vun deselwechte Prämissen aus. Just eis Conclusioune sinn anescht. Ech fannen d’Welt dowéinst schäiss, hatt net. Vläicht sinn ech ze usprochsvoll, vläicht ass hatt ze tolerant, ‘t ass am Endeffekt och egal. Hatt fënnt alles nëmmen hallef esou wëll. Ech, ech ginn einfach just wëll.

Mir sinn endlech op der Strooss. Et kënnt mer vir, wéi wann et eng Pilgerfahrt wier. Ech muss bal laachen. All Moien eng endlos Stonn am Beruffsverkéier stoen, fir an d’Kierch vum Neoliberalismus ze jauwen, an do bei de Geeschtlechen eemol op d’Knéien ze falen, ëm Pardon ze bieden, dass ech aarme Geescht nach ëmmer d’Léier net verhalen hunn. Duerno drécken ech hinnen den Excel-Psalm vu mengen alldeegleche Beméiungen, eng nei Schaff ze fannen, an de Grapp. Um Wee bis dohi féieren ech d’Jen op d’Aarbecht. Mer sinn allen zwee immens midd a schwätzen net vill. Iwwerall ronderëm eis ee Mier vu Luuchten, rout, orange, wäiss, an heiansdo och een zimlech ellent Gréng, wärend sech am Himmel esou lues eng onbestëmmtten Iddi vun engem Sonnenopgank, een abstrakten, bal net definéierten Ufank vum Dag schei breetmécht. Eng ganz Prozessioun u metallene Wiesen, déi sech mat vill Kaméidi an Ofgaser Richtung Stad beweegen, ewéi ee grousst, endlost Déier, eng Aart Schlaang, wann ee wëll, ee Fabelwiesen aus Aluminium, Stol an Damp, eppes, wat eis all verbënnt, eppes, wat eis all gläich mécht, eppes, wat eis all erdréckt a lues a lues opfrësst.

Mäi Placeur léisst sech alt nees gutt Zäit. Ech kucken ëmmer, fir deen Éischten ze sinn, deen drukënnt, probéieren, soubal d’Gebai d’Dieren opmécht, mech eranzestierzen. Dat ass net esou einfach, well et der vill sinn, déi dat selwecht wëlles hunn, esou dass een am Triichter, an deem sech d’Mënschendrauf usammelt an zesummepecht wéi fiichten, gemuelene Kaffi an engem Filter, e bësse mam Ielebou spille muss – ech maachen dat immens gär –, fir den Asi am Jogging oder de Spiisser mat der Mapp z’iwwerhuelen an deen Éischten ze sinn, dee sech en Ticket kann zéien.

Virdrun hunn ech gesinn, wéi en aus sengem Büro erausgestiermt ass a gemaach huet, ewéi wann hien dréngendst iergendee Pabeier misst fotokopéieren. A Wierklechkeet huet e just drop gewaart, dass de Kaffi duerchlafe géif – hie kritt et net hin, sech deem ganze Misär un Aarbechtslosen ze stellen, ouni ëmmer nees säin hëlleflose Bléck an déi schwaarz Flëssegkeet falen ze loossen, wéi wann e sech esou ofschierme kéint, wéi wann en dora kéint Gebuergenheet fanne vun eis Chômeuren.

Wéi wann en dora kéint liesen, wie vun eis geschwënn eng Job-Offer géif kréien. A wien am Géigesaz nach an e puer Méint de Waardesall ewéi eng gro, flemmseg, verdréchent Bürosplanz dierf dekoréieren.

Wéi e mech dunn an de Büro rifft, wërft e mer ee strengen, rosene Bléck zou a rëselt mat engem Blat Pabeier, vun deem en ufänkt, ofzeliesen. Et war eng Ried op Franséisch.

Monsieur le Président-Directeur général, chers collègues,

Je sais que la tradition exige que j’exprime, au cours de ce discours, ma gratitude d’appartenir enfin et officiellement et potentiellement à tout jamais à votre service. Permettez-moi néanmoins de vous dire que là ne sera pas mon propos aujourd’hui. J’aimerais au contraire vous dire que la boîte dans laquelle je bosse, je la vois un peu comme un enclos à vaches ou une cage à poules. Pendant des années, vous sucez mon énergie vitale en pétrissant mon pis pour en faire jaillir le liquide séminal de mon inspiration, quand vous n’attendez pas que je vous ponde des idées comme la poule son oeuf. Et, au bout d’un certain temps passé à faire bonne mine à mauvais jeu, à essuyer les regards ternes qui m’accueillent chaque jour, à endurer la terrible absence d’humour qui taraude cette boîte, après de loyales années jalonnées par quelques augmentations de salaire pas très fameuses et quelques ringards cadeaux d’entreprise – une montre en argent, qui ne fait que m’enjoindre implicitement à enfin venir à l’heure à mon travail, vous me mènerez à l’abattoir de la retraite, cette ultime salle d’attente où vous vous attendrez à ce que je regarde ma montre en argent frappée du logo de l’entreprise pour me rendre compte du gâchis que fut mon existence ? Comme si c’était à vous de décider, de choisir à ma place le divertissement pascalien qui, tous les jours, est censé me distraire de la certitude de ma mort et de la mort de ceux que j’aime, de me divertir de la faucheuse ? Et si je préférais, pour ne pas penser à la mort, plutôt donc que de travailler encore et encore, me bourrer la gueule ? Mais me la bourrer quotidiennement, et sévèrement ? Ou si mon idée du divertissement, c’était de collectionner des timbres, d’élever des moutons, de faire le tour du monde par ordre alphabétique des villes, de battre le record du monde du temps passé assis aux chiottes, de m’enfermer dans un cloître et de m’y taper des religieuses, ou encore, oui, de vous envoyer chier? Mais royalement, majestueusement ? Alors, voilà, avec cette missive, je vous envoie chier.

Merci.

Bon, ech mengen, Dir wësst, ewéi d’Ried weidergeet, seet mäi Placeur dunn, an engem immens strengen Toun, e bësse wéi ee Schoulmeeschter, deen e klengen Däbbes beim Fëmmen am Haff erwëscht huet oder a sengem Schoulsak ee Pornosheft fonnt an et direkt an zerrappte Pabeierslinguinien an d’Poubelle gepucht huet. Esou an net anescht héiert sech säin Toun un. Kloer weess ech, wéi d’Ried weidergeet. Schliisslech hunn ech se geschriwwen. A jorelaang geschlaff. All Kéiers, wann de Betrib um Punkt ass, mer wéinst menger gudder Leeschtung een CDI wëllen ze proposéieren, droen ech dëse Bréif vir. D’Resultat léisst net op sech waarden. Ee rosenen Heini vun de Ressources humaines stierzt sech op mech, rappt mer de Pabeier aus der Hand. Licenciement immédiat. Oder besser nach: keng Kontraktverlängerung. An ech kann nees an de Chômage an hunn erëm Zäit fir meng Konscht.

Se ass gelongen, nee?, soen ech dunn, e bëssen houfreg.

D’Luucht a sengem Büro dréit mat der Sonn, déi uerg dréckt, een erbaarmungslose Kampf aus. Mä mat der Sonn leet ee sech net esou liicht un. D’Sonn ass den Chuck Norris vun der Beliichtung. No an no ass se verbleecht, d’onnatierlech Bürosluucht an déi ellen, giel Flecken, déi se widder d’Mauer geschmass huet. Mäi Placeur steet op, geet bei d’Ridoen, dréit un enger dënner Staang, bis dass déi eenzel gro Sträifen d’Fënster ganz verdecken an d’Luucht verschlécken. Duerch déi vill Schietzone gesäit de Raum op eemol wéi ausgebrannt aus, äschfaarwe wierkt en, mat e puer Plaze vun engem blatzegen Orange, wéi e Feier, dat lues a lues de Geescht opgëtt.

Dir wësst, wat dat fir Iech bedeite wäert? Dat doten ass eng zolidd Fraude. Dir hutt Iech ganz absichtlech vun Ärer Aarbechtsplaz verweise gelooss, fir elo hei nees um Geldkrunn vum Pappa Staat suckelen ze kommen. Mir hunn Är kleng Strategie scho méi laang duerchkuckt. Dir stitt net eréischt säit gëschter op eiser rouder Lëscht. Eis huet just nach de Beweis gefeelt. Mä elo hu mer en.

Nees fuchtelt e mat sengem topege Pabeier, a sengen Ae glënnert et op eemol, wéi wann en owes no der Schaff mam Stärenhimmel wéilt rivaliséieren, en ass wéi besiess.

An ech soen Iech eppes, mäi léiwen Här. Net nëmme kritt der de Krunn direkt zougedréint, neen, dir musst eis och nach bis op de leschten Zantim rem-bour-séieren (dobäi huet hien, wéi hien et bestëmmt doheem virum Spigel scho geprouft huet, op säi Pult geklappt a säin Hochzäitsrank ass stënterlech – hie war wuel net méi immens frou mat senger Fra – op der Iwwerfläch vum Büro opge schruppt), wat mir Iech bis elo verséiert hunn. Soss kënnt eisen Dierwiechter a pléckt sech, wat et bei Iech an der Wunneng ze plécke gëtt. Kuerz: Dir sidd geféckt! An ech, ech ka mer e ganz uerdentleche Bonus erwaarden.

Hien ass esou frou, ech hat mer bal erwaart, e géif elo all Ament an d’Hänn klappen. Hien huet ewéi eng Fonctionnaire-Versioun vum Sherlock Holmes gewierkt – keng Drogen, kee Wuertwitz, just kal Berechnung. Dout langweileg, am Fong.

Eng Frechheet, wat Dir do sot. Dat do huet en Nospill!

Zut, ech hat dat mam Holmes wuel ee puer Decibel ze haart geduecht.

Wann ech betruechten, wéi Dir mat Äre Chômeuren ëmgitt, kéint ee bal mengen, Dir hätt d’Virspill léiwer?

Dir kënnt hei zielen, wat Der wëllt, Dir kënnt hei Är ganz Argumentatiounspalett opdëschen, Är… Säi Saz gëtt vun engem Gierksen ofgebrach, well ech hie mat senger Krawatt gepaakt hunn, wärend ech selwer anscheinend net genuch vu mengem Geste erstaunt sinn, fir him dëst net och nach u seng domm Gladder ze brëllen:

Lauschter mir emol gutt no, Fissi. Ech kéint der elo effektiv eng vu mengen elegant formuléierte Rieden dohileeën. Mech an der Zooss vu menger eegener Rhetorik bueden, de Jus, an deem meng Iddie mijotéiert hunn, genësserlech schmaachen, meng Zong a mengem Palais ronderëmdréine wéi ee Monarch, deen nervös seng Ronnen dréint, an no an no mäin Haass un denger Zuucht an en elegante, verbale Kostüm stiechen. Mä ‘t ass sauwaarm an dengem Büro, an ech hunn doheem eng Toile, déi op mech waart. Mir ass eppes opgefall heibannen. Normalerweis huet all Büro, egal wéi trist en ausgesäit, minimal Elementer vu graphescher Dekoratioun. Eng Billerrumm, an där Bouwen a Meedercher topeg grinsen, fir dem Client ze weisen, ewéi ee gudde Familljepapp een dach ass.

Pousteren, oft bleech Ofdréck vu Konschtgeschichtsklassiker. Regaler mat Bicher dran. Ee Kaktus, Tulpen, soss ee Geblimmels, dat no alem Plastik sténkt. Bei dir fënnt een näischt dovunner. Däi Bic ass schwaarz, däi Blocnotes ass wäiss, déi eenzeg Nuance Gro ass déi al Këscht vun dengem Computerschierm. Esouguer op denger Kaffistaass ass kee Motiv. Si ass wäiss. Wat dat bedeit? D’Conclusioun schenken ech der. Dréi du roueg de Krunn vum Pappa Staat zou. Ech ginn heem zeechnen. Ech molen däin aarm- séilege Büro, an deng aarmséileg Binett, an esouguer dee leschte Konschtbanaus wäert verstoen, wat ech domat wëll ausdrécken, och wann et mer op de Su geet, dass mäi Wierk iwwerhaapt eppes soll ausdrécken – wann ech eppes ausdrécken, dann ass et een Uebst oder een Torschong.

Mat deene Wierder hunn ech mech dovugemaach. Den Tableau, vun deem ech dem Placeur verzielt hunn, deen hunn ech effektiv gemoolt. An der Nuecht, wéi ech et gewinnt sinn. En ass net grad esou gutt ginn, wéi ech mer et erhofft hat. Mä fir eng éischt Aarbecht mat Spraydouse war et guer net emol esou schlecht. ‘t muss een och bedenken, dass ech op enger kleesperer klenger Träppche stoung an dass d’Stroosseluucht mer och net immens vill gehollef huet – kleng Kreesser huet se op der Fassad vum grousse Gebai ausgemoolt, ewéi eng zerrappte Leinwand, dobäi wollt ech d’ganz Mauer bedecken, woufir déi kleng Leeder natierlech och net ganz duergaange wier. Mä Opmierksamkeet krut ech der nawell. Natierlech wouss ten se direkt, wien et war. Ech hat ënnerschriwwen. Ech ënnerschreiwen aus Prinzip ëmmer. An elo sëtzen ech genee do, wou ech hiwollt. Am Prisong. Ech krut esouguer eng Eenzelzell ausgehandelt. Hei kann ech nees a Rou molen. Just d’Jen, dat vermëssen ech.

Jeff Schinker (1985, Luxembourg) earned a Master’s degree in comparative literature in Paris. He has worked as the editor of the cultural pages for the Luxembourg daily newspaper Tageblatt since 2017. He published his first novell, Retrouvailles, in 2015. Sabotage is his second novel, which includes stories in French, Luxembourgish, English, and German. His multi-lingual work reflective of a neo-liberal society was shortlisted for the Servais Prize for Literature, the Lëtzbuerger Buchpräis, and the European Union Prize for Literature. In addition to novels, he is a playwright. Most recently, he wrote a play titled Bouneschlupp which addressed racism in Luxembourg. Since 2014, Schinker has organized, hosted, and participated in Désœuvrés—Works in Progress, a lecture series. In 2016 and 2023, he was the laureate of the writer’s residency at the Literarisches Colloquium Berlin.

Trafika Europe